DT Rued

 

Den Dëschtennis Rued-Sir (DT Rued) ass e Sportsveräin aus der Gemeng Betzder. En gouf gegrënnt am Joer 1947 an en huet am Moment insgesamt 80 aktiv Spiller. Dovun sin 45 erwuessen Spiller a 25 Jugendspiller an de Katégorien Préminimes, Minimes a Cadets.

Ons 1.Équipe spillt am Moment an der Promotioun a sie huet gudd Chancen fir an d'Nationale 2 opzesteigen wat schon en immens héichen Niveau ass.

Den 22.Dezember 2012 gouf ons Dammenéquipe Landesmeeschter a sie wäerten demnächst och vun onsen Gemengenresponsablen dofir geéiert gin

Ons Cadets-Équipe krut op landeswäitem Niveau eng 3.Plaaz am "Teens Cup" an ons Minimes Équipe war souguer Finalist am "Kids Cup". Béid Kompétitiounen gin all Joer vum nationalen Dëschtennisverband FLTT organiséiert. 

 Dir könnt och jidderzäit op onser Homepage www.dt-rued.com erakucken, wou régelmässeg Nouvellen pubélizéiert gin.

(Text :Här Marcel S. vum DT Rued)  

 

 

D'offiziell Iwerreechung vun onsen neien Trikot'en mat onsen Sponsoren vum 18.Januar 2013 

D'offiziell Iwerreechung vun onsen neien Trikot'en mat onsen Sponsoren vum 18.Januar 2013 an den 22.Dezember 2012 gouf ons Dammenéquipe Landesmeeschter